Original-Post zur Hochzäitsplanung: Intro vir nächst Blog Posts
Eng vun de wichtegste Saachen beim Plangen vun enger Hochzäit ass natierlech de Restaurant, well dat d’Plaz ass wou herno de Bam brennt. Erwaardungen déi een als duerchschnëttleche Mënsch huet sinn Saache wéi “Schéin mee net ze iwwerdriwwen well et dann och automatesch ze deier ass, et muss op enger gudder Plaz leien, grousse Parking no bäi ass nie falsch, d’Iessen muss méi besonneg sinn an awer och net ze deier, an virun allem musse se engem en anstännege Service bidden”.
Ech sinn do ganz … informatiker-like drun gaangen. Ech sinn op yellow.lu gaang an hu gesicht no “Restaurant mariage”
. Do fléien der vill eraus well et ze wäit ass, anerer ginn engem einfach net den éischten Androck den ee sech erwaard. Bei eis ass de Choix relativ séier gefall fir eis mol “Espaces-réunions” vu Leideleng méi genee unzekucken. Ech hun de Restaurant kannt well ech eng Kéier fir eng Generalversammlung do war, awer ech war deemols net do bliwwen fir z’Iessen. Also éischte Kontakt gemaach, ganz fäin Erklärunge kritt, an relativ séier krute mer eng Datei gemailt mat allem wat sie engem kéinten offréieren. Wann een en Auto muss gelount hun kann een dat bei hinne maachen, DJ kënne se och bidden asw, also schonn relativ vill an méi wéi ee sech vun engem Restaurant géing erwaarden. Och wou mer eis dat ganzt op Plaz nach eng Kéier ukucke waren huet et eis ëmmer nach gutt gefall soudass mer eng Zäitchen drop ouni weider ze zécken zougesot hunn an den Datum do reservéiert. Wisou nach laang sichen wann een eppes huet wou een der Meenung ass dass schonn alles gutt wir
.
Aktuell musse mer do nach eng Kéier de Menu dee mer eis eraus gesicht hu schmaache goen, déi éischt grob Saachen si schonn festgesat.
Ween sech et och emol wëll ukucken, hei ass hier Websäit: http://espaces-reunions.lu




