Upgrade op Mac OS Lion
Gëscht nodeem Apple Mac OS Lion verëffentlecht huet, hunn ech en direkt erof gelueden an esou wuel op der Schaff den Upgrade installéiert, wéi och doheem. Doheem mam DSL huet den download +- 50 Minutte gebraucht, wat ganz an der Rei ass fir 3.5GB (10MBits Leitung). D’Installéieren war extrem einfach, quasi just “next” an “next” an reboot, install an fäerdeg war et. Ech wëll awer hei iwwer verschidden Ännerungen schreiwen respektiv Saachen déi ech direkt gemaach hunn nom Upgrade.
D’Baren vum Loading
Endlech (!) hun d’Loading Baren en Ufank an e Schluss
Bis elo waren déi vir an hannen ëmmer op, net wierklech esou design-passend.
Scrolling erëm “richteg” gedréint
Standardméisseg ass de Scroll elo esou dass wann ee mam Mausrad erof dréint, dass d’Säit erop geet. Dëst kënnt vum iOS an allgemeng den Touch-systemer, wou ee mam Fanger jo och erof geet fir d’Säit erof ze scrollen. Mat Touchpad oder Magic Mouse ergëtt et vläicht nach Sënn menger Meenung no, mee bei engem Mausrad hunn ech léiwer déi al Method, also hun ech dat an den Astellungen vun der Maus direkt geännert dass et erëm ass wéi virdrun
Spaces ersat duerch “Desktops” am Mission Control
Den Spaces gëtt et esou net méi mee heescht elo Desktop an ass am Mission Control ze fannen. Mission Control ass Exposé an Spaces an engem. Op der Schaff komescherweis goufe meng Astellungen wéiee Programm op wéiengem Space war net mat iwwerholl, doheem war dat awer kee Problem. Grond weess ech bis elo keen. Wat ech net gutt fannen ass dass déi Desktops elo ëmmer an enger Rei sinn, an een net méi Reien kann selwer erstellen. Ausserdem dauert d’Transitioun mer ze laang, se ass just méi kuerz wann een iwwert CMD + Tab wiesselt oder mat CTRL + Nr vum Desktop. Wann ech eng Method fannen fir dat ze änneren, wäert ech et maachen.
iCal
A mengem Kalenner hat ech ëmmer méi wéi just eng Kategorie dran, virun allem op der Schaff wou ech all Exchange Kalenner och dran hunn. am neien iCal gëtt et keng Méiglechkeet permanent d’Lëscht mat alle Kalenneren uweisen ze loossen mat den dozou gehéirende Faarwen. Dat ass menger Meenung no schlecht fir d’Produktivitéit am iCal, et verléiert ee méi Zäit.
Am Mail hunn ech direkt d’Classic View erëm aktivéiert, well déi nei View geet guer net wann een vill produktiv mat villen Ordner schafft an méi Mail Accounts. Fir privat Leit déi awer just een Account hunn ass en, denken ech, ganz flott.
Launchpad
Dat ass endlech eng aner Oberfläch fir seng Programmer all ze gesinn, bis elo huet een déi jo mussen am Dock hunn oder se an de Finder musse siche goen. Vum Prinzip hier fannen ech et ganz gutt, ech géing mer awer wënschen dass wann een zwee Bildschirmer ugeschloss huet, dass en och op deenen zwee géing ugewise ginn an net just um Haapt-screen.
Froen? Feedback?
Wann Dir selwer Froen hunn nach virum Upgrade oder och duerno, stellt se roueg hei, ech probéieren esou gutt wéi méiglech ze äntweren. Och Feedback-kommentarer respektiv nach weider wichteg Punkten si wëllkomm.
Police-Kontrollen – Warnen / Blénken?
Also ech äusseren mech elo mol als een deen dergéint ass dass Police-kontrollen iwwer Radio duerchgesot ginn, an och blénken ech sécher kengem fir em Bescheed ze soen dass e puer Meter weider d’Flicken stinn. Jidderee vun eis iergert sech dach all Dag iwwert esou vill idioten op der Strooss, wisou déi also nach warnen fir dass se net erwëscht ginn? Déi Kontrollen sinn och net fir eis Autofuerer schäissen ze doen, mä fir eis ze schützen. Dat schéngen awer vill Leit net ze verstoen.
A wann een dann emol selwer ze séier erwëscht gëtt, soll ee sech mat senger eegener nues huelen an net d’Schold op d’Flicken geheien. Selwer huet een de Feeler gemaach an et war ee sech dann, an de meeschte Fäll, bewosst dass ee kéint erwëscht ginn.
Jo ech selwer hunn e séieren Auto, jo ech fueren och gäer an och mol bëssen méi séier, mä ech hale mech un d’50 am Duerf zum Beispill, egal wéi séier dee BMW hannert mer wëll fueren
Herrlech Erklärunge vun Tango
Also Tango ass jo net de perfekste Provider … Oft Rechnungsproblemer, an dann gi se och nach net direkt geléist, mä leider si se bei wäitem déi bëllegst. Dann elo, wéi sécher muencher vun iech och matkruten hu se erëm eng Voicemail aktivéiert. Elo wollt ech mer ukucken wéi een déi ausmécht (an mech duerno beschwéieren dass déi mol einfach esou aktivéiert gëtt!) Mä kuckt emol wat beim läschte punkt an hiere FAQ steet, an dann kuckt der mol wou ech dru sinn op hierer Säit
Mäi Kommentar: WTF? Ganz ofgesi vum schéine Feeler-message ënnen op der Säit
Awer meng Fro: Weess een wéi een déi schäiss Mailbox ausschalt?
//UPDATE: D’Léisung ass, wéi de Jerry Polfer mer sot: *123*0#
Héigen Traffic verursaacht vun Google
Déi läscht Deeg war Photogen.lu iergendwéi relativ lues, wat soss net onbedéngt de Fall war. Ech hun alt gemengt et géif un mengem LAN leien well ech iwwert powerlan fueren, dofir hunn ech net all ze vill drop ginn. Haut hu mer awer gemierkt dass de Load vum Server >4 war, CPU Auslaaschtung vun den 2 Coren war quasi permanent op 100%. Mat tail -f vun der apache log an der Méiglechkeet sech den Apache status uweisen ze loossen am Browser hunn ech dann festgestallt dass Google +- 8x pro Sekonn Photogen opgeruff huet. Fir kuerz ze kucken ob dëst och wierklech d’Ursaach war, hunn ech d’ IP Range vu Google mol geblockt, an als Resultat ass de Load erof gaang an Photogen war vill méi séier.
Léisung: Vu dass ech souwisou Google Webmaster Tools eigentlech notzen, Google awer bis elo selwer d’ “Crawl rate” definéeire gelooss hunn, sinn ech se manuell ännere gaang. Dëst brauch elo nach e bëssen bis et Wierkung weist, mä et geet schonn e Stéck besser. Fir déi déi also en ähnleche Problem eng Kéier entdecken: Google Webmaster Tools notzen!
Lo fir kuerz ze weisen wat fir e groussen Impakt dëst hat: Fir gewéinlech hu mer als Moyenne um Server mol net 0.5MBits ausgelaascht. Elo mat dësem “Google-flood” ass dëst d’Resultat vun eisem Traffic an de läschte Stonnen:
An der Moyenne also tëscht 1 an 1.5Mbits. D’Lach esou ëm 14 Auer war wou ech d’ Google IP Range geblockt hat, d’Lach an der Nuecht war wuel just duerch d’Backups um Server wou dee kuerz dann näischt anescht mécht
Ech halen dëst op alle Fall am Aa elo wéini d’Ännerungen dann wierklech ze gesinn sinn.
User op Photogen
Op Photogen ginn et verschidden Zorte vu Leit. Et ginn déi déi zefridde sinn mat dem ganzen, déi si regelméisseg aktiv, ugemellt als Clubmember an kommen och op Meetings. Dann ginn et déi déi zwar Froen stellen respektiv kritiséieren, déi eng sérieux Äntwert awer akzeptéieren an respektéieren. An dann ginn et déi déi op Photogen sinn obwuel se quasi all Woch an iergendenger Form erëm eppes aus ze setzen hunn. Se sinn och just seelen ugemellt als Clubmember, weisen sech seelen op Meetings, an virun allem handelt et sech meeschtens ëm Leit déi e Stéck iwwert der Alters-moyenne leien. Déi Leit mussen eppes verstoen: Photogen ass gemaach gi fir virun allem jonk Hobbyfotografen, an mat der Zäit sinn der och vill derbäi komm déi net méi als esou jonk anzeklasséiere sinn. Dogéint hu mir sécher näischt, mä déi jeenech musse sech bewosst sinn dass eng “jonk Denkweis” muss do sinn fir eens ze ginn op esou engem Site. Dëst sinn der leider vill net.
Et mengen der vill et misst alles goen wéi si wëllen, alles misst sech no hinnen riichten well hieren Gedanken de “richtegen” ass. De Prinzip no deem Photogen gemaach an gegrënnt ginn ass gëtt awer duerchgezunn, well mer eis enger Linn wëllen trei bleiwen, eist Zil war et ni fir jidderengem alles esou richteg ze maachen wéi nëmmen méiglech, well soss hätte mer ni en Aktivéirungssystem agebaut.
Am Résumé: Net all Websäit ass fir jiddereen, mä wann een dat mierkt sollt een et einfach ignoréieren, an net mengen ze probéieren alles esou ëmzeänneren wéi et no sénge Wënsch ass, wat awer iergendwéi an der Natur vum typesche Lëtzebuerger ze leien schéngt.
City Concorde Ausstellung – Ech war kucken
Majo de Mëtten war ech mer selwer ukucken wéi et an der City Concorde ausgesäit. Ech muss schonn soen, et mécht ganz gutt, an et bleiwe vill Leit stoen fir d’Fotoen ze kucken. Ech hunn esou guer een niewendrunn héieren soen “Wow, ganz schéi Fotoen”. Ech denke mol dass dat ganz positive Feedback ass
Hei e puer Fotoen déi ech mam iPhone gemaach hunn:



Photogen Ausstellung an der City Concorde
Nodeem scho säit 2-3 Wochen e puer selektionnéiert Fotoen ganz grouss gewise ginn an der City Concorde, ass elo säit haut och eng normal Ausstellung. Si haten dat relativ kuerzfristeg gefrot ob mer dat wéilte maachen, mee selbstverständlech seet een do net nee. Ech selwer hun d’ Fotoen eraus gesicht an d’ Leit all ugeschriwwen fir d’ Fotoen ze kréien, se dann weiderginn fir se nach sou just geprint ze kréien (Direkt op Forex geprint). Schlussendlech war et awer wierklech der Wäert, well ëmmerhinn sinn eis Fotoen réischt säit de Moien do ze gesinn, an de Mëtten huet d’ City Concorde ugefrot ob mer wéilten nach eng Woch méi laang ausstellen wéi geplangt war, an allgemeng sinn d’ Fotoen extrem gutt ukomm bei den Responsablen vun der City Concorde. Dat ass natierlech ëmmer flott wann een dann gesäit dass een wierklech d’ Aarbecht net fir näischt gemaach huet.
Hei eng kleng Foto wéi et do ausgesäit elo, direkt virum Bram an Lineheart:
Ze gesinn sinn dës Fotoen nach bis den 4. Juni. Vu mir selwer si folgend Fotoen derbäi:







