RSS
 

Police-Kontrollen – Warnen / Blénken?

19 Jul

Also ech äusseren mech elo mol als een deen dergéint ass dass Police-kontrollen iwwer Radio duerchgesot ginn, an och blénken ech sécher kengem fir em Bescheed ze soen dass e puer Meter weider d’Flicken stinn. Jidderee vun eis iergert sech dach all Dag iwwert esou vill idioten op der Strooss, wisou déi also nach warnen fir dass se net erwëscht ginn? Déi Kontrollen sinn och net fir eis Autofuerer schäissen ze doen, mä fir eis ze schützen. Dat schéngen awer vill Leit net ze verstoen.

A wann een dann emol selwer ze séier erwëscht gëtt, soll ee sech mat senger eegener nues huelen an net d’Schold op d’Flicken geheien. Selwer huet een de Feeler gemaach an et war ee sech dann, an de meeschte Fäll, bewosst dass ee kéint erwëscht ginn.

Jo ech selwer hunn e séieren Auto, jo ech fueren och gäer an och mol bëssen méi séier, mä ech hale mech un d’50 am Duerf zum Beispill, egal wéi séier dee BMW hannert mer wëll fueren :)

 
 

Tags: , ,

Leave a Reply

 

 
  1. Laurent

    July 19, 2011 at 22:21

    An awer sin mer frou wann mer geblénkt kréien oder gewarnt gin….
    Ech perséinlech sin frou wann ech geblénkt kréien, och wann ech net emol ze séier ennerwee sin. Wann ech ze séier sin dann get alt mol gedrosselt.
    Natierlech ass et säin eegenen Fehler wann een mengt et misst een mat ech wees net wéivill duerch d’Duerf rennen an dann ugehaal get … ech muss allerdéngs soen dass ech gären mol méi sportlech ennerwee sin, mais ech wees wéini / wou ech daat kann maachen.
    Fir e bessen äuszehuelen, et ass och net immenz all 2ten Daag bei aaneren ze “téinen” wann een engem aaneren muss weisen wéi schnell säin Auto geht … éierlech gesoot WHO CARES?! – Wéi ech schon soot, wann een rennt soll een daat maachen wou een wees dass näicht kann geschéien. Op der Autobunn kann ee vill Mert uriichten mat sou Saachen … wann een laanscht mech fliigert lossen ech se mettlerweil einfach fueren, oder wann een mech sou noo um Pare-choc hängt dass de mol keng Luuchten méi erkenns … mir wurscht. Ech wees hoergenee dass wann et misst souwäit kommen ween d’Nues fier hätt.
    Ergo: Gewarnt / geblénkt kréien … why not.

     
    • Johny

      July 20, 2011 at 00:07

      Sollt een ze séier sinn, ass ee frou wann ee geblénkt kritt, aus finanziellen egoïstesche Grënn, jo ;)

       
  2. Marc Backes

    July 19, 2011 at 23:25

    Ech sin genau denger Meenung. Ech sin zwar frou wann een mier blenkt, mee daat war eigentlech nach nie noutwändeg. An där Idioten, dei et wierklech néideg hun emool erwescht ze gin gin et der jo wierklech ewei Sand um Mier.
    Mee wann een esou eppes um Radio verbueden géing , geif et eben esou séiwer un sozialen Netzer wei Twitter, Google+ oder Facebook verdeelt gin, an der Welt vun Haut, wou jiddereen een iPhone oder Android mat 3G Verbindung huert.

     
    • Johny

      July 20, 2011 at 00:11

      Jo awer radio héiers de Live am Auto, iwwer social networks wir dat net grad tselwecht méiglech (Dann géif ee jo rëm ënnerwee mam Handy spillen, wat verbueden ass ;) )

       
  3. Dave

    July 19, 2011 at 23:55

    Sonndes nuets um 2 Auer an engem klengen Kouhduerf iergentwou am Éisleck wou keng Séil méi ob der Strooss ass, an daat keng 50 Meter virum Schluss vum Duerf, wou d’Scheld 90 steht, an wou all Mensch schon virbeschleunegt aus der Affahrt vun engem Haus eraus gebletzt gin, dann huet daat naicht mat da Sueg em meng Sëcherheet ze din, mee just dorems fir 90% vun den Leid déi do laanschtfueren bezuelen ze din.

    Wann déi Herren eppes fir eis Secherheet machen sollen, dann sollen se mol unfänken sennvoll Kontrollen duerchzeféiren. Amplaatz dass se moies am Berufsverkéier ob der A4 d’Autoen “blëtzen” déi mat 30 km/h ënnerwee sin (HALLO?! Geescht, wou bass de?) hätten se besser se gengen Oofstandskontrollen machen, an mol dofir suegen dass net all 2ten (an daat ass net iwwerdriwen) während dem fueren ob sengem schaiss Handy haenkt. Well wann en Kand iwwert d’Stross leeft, dann bleiwt den wou 10km/h ze schnell fiert aller Wahrscheinlechkeet no en gudd Stëck éischter stoen wéi deen wou um Handy ass.

    Amplaatz sech Sonndes moies an iergentengem Baurennascht ze positionéiren, sollen se kucken dass se do stin wou d’Baaler sin, fir d’Strackien vun der Strooss ze haalen. An just well en Baal en groussen Succès ass oder et eng Letzebuergesch Traditioun ass sech zu bestemmten Datumen einfach volllaafen ze loossen, muss et mol obhaalen dass zu denen Deeg einfach mol zwee Aen zougedreckt gin. Amplaatz dass se vun 8 bis 12 Auer hieren Bloosstand um Picadilli hun an d’Attraktioun fir d’Strackien spillen, hätten se besser se gengen sech um 2 Auer mol do ob d’Stross stellen an d’Leid blosen loossen déi am Auto setzen.

    An Flicken déi moies um 6 am Vollsoff (um Wee vir ob d’Arbescht!) spuenesch Touristen iwwerrennen gehéiren suspendéiert.

    Ech denken bei eisen uniforméierten Frënn geht am Moment villes schief. Ech well se bei waitem net all an een Deppen geheien, mee eent steht fest: Eis Police gehéiert reforméiert.

     
    • Johny

      July 20, 2011 at 00:10

      Et stëmmt dass muench Asätz wierklech mol staark ze hannerfroen wieren, mee et ass jo net wéiwann se nëmmen esou Kontrolle géife maachen, loosse mer et net falsch duerstellen :) An ech hun dëse Post am Fong geschriwwe well ech um Heemwee tonne Leit gesinn hunn um Handy am Auto, trotz de Kontrollen um Ufank vum Mount. Esou eppes nervt einfach, zemools wann ech dann bedenken dass nach Leit déi wëlle virwarnen.

       
  4. Dave

    July 19, 2011 at 23:56

    Lo hun ech daat wichtegst vergiess ^^

    Ech blënken net emmer, mee wann ech fannen dass se onsenneg stin, wéi daat bei mir nuets um 2 Auer den Fall war, dann blënken ech.

     
  5. Gunman

    September 8, 2011 at 13:58

    Also Johny, no 35 Joer Polizeidengscht hues Du meng Sympathien mat dengem Statement !
    Et gett emmer méi rar dass Leit esou eng Meenung hun, an se och nach öffentlech äusseren.
    Hei hun jo och schons verschidden User hier Meenung gesoot, an ech respektéiren och jiddferengem seng Meenung, mais waat déi richteg Method ass fier haut d’Chauffeuren am Verkéier ze disziplinéieren(waat e Wuert) an net nemmen am Verkéier…doriwer kennten mir nach stonnenlaang diskutéIeren.
    Ons Gesellschaft ass esou wéi se ass, an mir sin en Deel dervun, an an enger gewesser Hinsicht sinn mir dofier och matverantwortlech dass déi Gesellschaft esou ass wéi se ass.

    PS: Ech sinn och schons mam Auto ze schnell gefuer, an ech sin och schons gefuer dass ech méi wéi 0,5 Promille am Blutt haat, dofier briechen ech net esou schnel den Staaf iwert engem deen bei esou eppes erwescht gett…