RSS
 

Upgrade op Mac OS Lion

21 Jul

Gëscht nodeem Apple Mac OS Lion verëffentlecht huet, hunn ech en direkt erof gelueden an esou wuel op der Schaff den Upgrade installéiert, wéi och doheem. Doheem mam DSL huet den download +- 50 Minutte gebraucht, wat ganz an der Rei ass fir 3.5GB (10MBits Leitung). D’Installéieren war extrem einfach, quasi just “next” an “next” an reboot, install an fäerdeg war et. Ech wëll awer hei iwwer verschidden Ännerungen schreiwen respektiv Saachen déi ech direkt gemaach hunn nom Upgrade.

 

D’Baren vum Loading

Endlech (!) hun d’Loading Baren en Ufank an e Schluss :D Bis elo waren déi vir an hannen ëmmer op, net wierklech esou design-passend.

 

Scrolling erëm “richteg” gedréint

Standardméisseg ass de Scroll elo esou dass wann ee mam Mausrad erof dréint, dass d’Säit erop geet. Dëst kënnt vum iOS an allgemeng den Touch-systemer, wou ee mam Fanger jo och erof geet fir d’Säit erof ze scrollen. Mat Touchpad oder Magic Mouse ergëtt et vläicht nach Sënn menger Meenung no, mee bei engem Mausrad hunn ech léiwer déi al Method, also hun ech dat an den Astellungen vun der Maus direkt geännert dass et erëm ass wéi virdrun

 

Spaces ersat duerch “Desktops” am Mission Control

Den Spaces gëtt et esou net méi mee heescht elo Desktop an ass am Mission Control ze fannen. Mission Control ass Exposé an Spaces an engem. Op der Schaff komescherweis goufe meng Astellungen wéiee Programm op wéiengem Space war net mat iwwerholl, doheem war dat awer kee Problem. Grond weess ech bis elo keen. Wat ech net gutt fannen ass dass déi Desktops elo ëmmer an enger Rei sinn, an een net méi Reien kann selwer erstellen. Ausserdem dauert d’Transitioun mer ze laang, se ass just méi kuerz wann een iwwert CMD + Tab wiesselt oder mat CTRL + Nr vum Desktop. Wann ech eng Method fannen fir dat ze änneren, wäert ech et maachen.

 

iCal

A mengem Kalenner hat ech ëmmer méi wéi just eng Kategorie dran, virun allem op der Schaff wou ech all Exchange Kalenner och dran hunn. am neien iCal gëtt et keng Méiglechkeet permanent d’Lëscht mat alle Kalenneren uweisen ze loossen mat den dozou gehéirende Faarwen. Dat ass menger Meenung no schlecht fir d’Produktivitéit am iCal, et verléiert ee méi Zäit.

 

Mail

Am Mail hunn ech direkt d’Classic View erëm aktivéiert, well déi nei View geet guer net wann een vill produktiv mat villen Ordner schafft an méi Mail Accounts. Fir privat Leit déi awer just een Account hunn ass en, denken ech, ganz flott.

 

Launchpad

Dat ass endlech eng aner Oberfläch fir seng Programmer all ze gesinn, bis elo huet een déi jo mussen am Dock hunn oder se an de Finder musse siche goen. Vum Prinzip hier fannen ech et ganz gutt, ech géing mer awer wënschen dass wann een zwee Bildschirmer ugeschloss huet, dass en och op deenen zwee géing ugewise ginn an net just um Haapt-screen.

 

Froen? Feedback?

Wann Dir selwer Froen hunn nach virum Upgrade oder och duerno, stellt se roueg hei, ech probéieren esou gutt wéi méiglech ze äntweren. Och Feedback-kommentarer respektiv nach weider wichteg Punkten si wëllkomm.

 
4 Comments

Posted in Tipp

 

Tags: , , ,

Leave a Reply

 

 
  1. Upgrade to Mac OS X Lion – Likes and Dislikes | Marc Backes Daily

    July 21, 2011 at 17:59

    [...] of the old version and I also love the new version. Specially, I like how threads are displayed. Johny pointed out, that it’s not practical if you manage multiple folders and accounts. I [...]

     
  2. Jean-Claude

    July 22, 2011 at 15:38

    Net vergiessen eng Copie vun der DMG Datei ze machen. Dann kann een sech den Lion och op CD Brennen. Dat ass ganz praktesch. Bis elo geet den POP bei Accounten vun der Post net. Ech sinn selwer net betraff awer dat ass den allgemengen Feedback den ech kritt hunn. Den ëmgedréinten Scroll bei der Maus (bei mir déi Maus vum Grafiktablet) huet mech am meeschten gestresst, awer wou ech bis erausfonnt hunn dass et net um Driver vun mengem Grafiktablet läit, war ech schon berouegt an d’Bier war schnell geschielt.

     
  3. Georges Jentgen

    September 3, 2011 at 11:21

    Optesch ass Lion op jiddefall mei fresch an modern. Do huet Apple secher nix falsch gemeet. Alles ass nach op der richteger Platz, geseit halt juste besser aus :)

    Natural Scrolling: hun ech ufanks gehasst, schaffen awa lo nemmen nach domadder. Muss een sech drun gewinnen, geet awer.

    Spaces: gett nie benotzt ausser fir heiendsdo mol ze gesin wou meng Fensteren all vorschwonnen sin :)

    iCal: gin Dir do Recht. Hoffen do kennt en Update.

    Launchpad: KAKA :) Dofir gett et Quicksivler, Alfred oder aner Sachen… bass de en PowerUser oder net?!?!?! :)

     
    • Johny

      September 3, 2011 at 12:00

      Launchpad gebrauchen ech selwer net wierklech, mee war éischter aus der Vue vun den normale User gesinn. Fir déi ass et méi einfach wann se net mussen an de Finder fir e Programm ze fannen :) Ech gebrauchen kee Quicksilver, spotlight mecht dat genee sou gutt wann een d Applications op éischter Plaz uweise léisst.