Eigentlech hat ech wëlles de Registréirungs-prozess op Photogen.lu e bëssen ze verbesseren. Nodeem ee seng Daten aginn huet, krut een se nach eng Kéier ugewisen beim nächste Schratt, an réischt nom Bestätegen ass dann de User ugeluecht ginn. Ech wollt dësen Tëscheschratt an mengen Verbesserungen elo eigentlech eliminéieren well dat relativ iwwerflësseg ass. Knaps hat ech en eraus geholl, esou dass den Account dann direkt ugeluecht ginn ass, kréien ech 2 Umelldungen hannereneen eran (wat op PG relativ seelen virkënnt) an hunn du gesinn dass dat direkt BOTs waren, woubäi ech dat nach nie virdrun op Photogen hat.
Also: Dësen Tëscheschratt, mat engem einfache Link nach drann fir d’Registréirung ze bestätegen hällt BOTs extrem effektiv of. Dofir ass en och elo erëm drann
(Well wee wëll schonn vun blöden Captcha’en genervt ginn…)